Vill Veräiner, besonnesch méi kleng ASBL’en, hunn zanter den Ännerungen am Gesetz vun 2023, Problemer mat den administrativen Demarchen. Dëst féiert bei esou muenchem Benevole zu Verdrossenheet, esou d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert, déi dofir vun der Justizministerin wësse wollt, wou den ugekënnegte Consultatiouns-Prozess drun ass, an ob geplangt ass, fir am Gesetz nozebesseren.
An de leschte Woche goufen effektiv eng Partie Acteure vum Terrain gehéiert, esou d’Ministerin Elisabeth Margue an et kommen nach Consultatiounen no. Et kéint och sinn, dass d’Seuile bei deenen ee vun de klenger an déi mëttelgrouss Kategorie vun ASBL’e rutscht, nach eng Kéier iwwerschafft ginn. Donieft gëtt et schonn eng TaskForce fir d’ASBL’en, de Site myasbl.lu an et kommen nach Tutorials fir d’Prozedure méi genee z’erklären.