Nilgänsen hunn sech an de leschte Joren an Europa, an och zu Lëtzebuerg, staark ausgebreet, esou den CSV-Deputéierte Ricardo Marques. Dëst kann negativ Konsequenze fir déi lokal Biodiversitéit hunn, ënnert anerem duerch Konkurrenz mat heemeschen Aarten, Schied un natierleche Liewensraim an Dreck op ëffentleche Plazen. De Ricardo Marques wollt dofir vum Ëmweltminister wëssen, wéi eng Mesure geplangt si fir dëse Problemer entgéint ze wierken.
De Minister Serge Wilmes huet ënnerstrach, datt d’Nilgäns net geschützt ass, an datt et scho spezifesch Aktiounspläng fir d’Regulatioun, d’Iwwerwaachung an d’Sensibiliséierung gëtt. An de Schutzgebidder soll den Impakt limitéiert ginn, ënnert anerem duerch gezielten Ofschoss duerch d’ANF. An Zukunft soll och eng Ännerung vum Juegdgesetz et de Jeeër erméiglechen, méi effizient zur Regulatioun bäizedroen. Den Asaz vun Dronen ass aktuell nach net am Aktiounsplang virgesinn, gëtt awer als méiglech zukünfteg Optioun evaluéiert. Donieft ginn et reegelméisseg Echangë mat den Nopeschlänner, awer keng gemeinsam Strategie. Wichteg bleift och d’Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung: invasiv Aarte sollen net gefiddert ginn.