De 6. Mee hat d’CSV-Fraktioun e konstruktiven Echange mat der Fédération des Artisans, fir sech iwwert déi aktuell Situatioun vun de Betriber hei am Land auszetauschen. Am Hibléck op déi ugekënnegt Tripartite gouf d’Geleeënheet genotzt, fir verschidde politesch Dossiere méi am Detail ze verdéiwen an den Impakt vun enger Energiekris op d’Wirtschaft zu Lëtzebuerg z'analyséieren. Donieft gouf och iwwer méiglech Weeër diskutéiert, fir de Logementsmarché nees unzedreiwen an eng nei Dynamik an de Secteur ze bréngen.