Jugendparlament an der CSV-Fraktioun : Zukunft zesummen denken

Mir haten eng flott an interessant Entrevue mam Jugendparlament, bei där mir eis iwwer hier aktuell Resolutiounen an Avisen ausgetosch hunn.

Am Mëttelpunkt vum Gespréich stounge wichteg gesellschaftlech Themen, déi zum Deel och jonk Leit betreffen: Mobilitéit, Wunnengsnout a Sans-abrisme, d’Reform vun de Stagen, d’Zukunft vun der Europäescher Unioun souwéi d’Pensiounsreform.

Besonnesch begréissenswäert ass, datt d’Jugendparlament net nëmmen op déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft opmierksam mécht, mee och konkret Proposen a Léisungsusätz op den Dësch leet. Dat weist, wéi engagéiert, reflektéiert a konstruktiv jonk Leit sech an déi politesch Debatten abréngen an hir Visioune fir d'Zukunft formuléieren.

Esou Initiative stäerken eis Demokratie a bréngen nei a wäertvoll Perspektiven an d’politesch Diskussioun. Mir soen dem Jugendparlament Merci fir den oppenen Austausch, déi interessant Iddien an hiren engagéierte Bäitrag zur demokratescher Debatt.