D’CSV an d’CDU Saar hunn den 13. Mäerz zu Schengen e gemeinsaamt Positionspabeier presentéiert, mat engem kloere Message: Grenzen iwwerwannen a gemeinsam Zukunft gestalten.
D’Groussregioun soll nach méi staark zesummewuessen – wirtschaftlech, technologesch an gesellschaftlech. Am Fokus stinn konkret Projeten an de Beräicher Wirtschaft an Infrastruktur, Raumfaart a Verdeedegung, Bildung a Fachkräfte souwéi Sécherheet a Fräizügkeet.
Eng modern a performant Verkéiersinfrastruktur, besonnesch eng séier Zuchverbindung tëscht Saarbrécken a Lëtzebuerg, ass dobäi eng Prioritéit.
Gläichzäiteg wëlle béid Parteien d’Kooperatioun bei Innovatioun, kënschtlecher Intelligenz an neie Mobilitéitstechnologien ausbauen an d’Groussregioun als europäeschen Innovatiounsraum positionéieren.
Och d’Zesummenaarbecht am Bildungs- an Aarbechtsmarché soll gestäerkt ginn, fir nei Perspektiven fir jonk Leit ze schafen.
D’Zil ass kloer: eng staark, vernetzt an europäesch orientéiert Regioun, ouni Grenzen wou Sécherheet a wirtschaftlech Entwécklung Hand an Hand ginn.