Dr. Heike Peitsch, zanter 2023 Ambassadrice fir d’Bundesrepublik Däitschland zu Lëtzebuerg war op Besuch beim Fraktiounspräsident LaurentZeimet. Mat Statiounen an den Ambassaden zu Eriwan/Armenien an zu Moskau, als Generalkonsulin zu St. Petersburg an Ambassadrice zu Tiflis/Georgien zeechent si sech als osteuropäesch Expertin aus. D’Diskussioune goungen dunn och iwwer Russland, hunn awer och déi positiv a negativ Punkten an de bilaterale Relatioune tëscht Däitschland a Lëtzebuerg beréiert. Ënnert anerem d’Grenzkontrollen.