Entrevue mam Centre pour l'égalité de traitement CET

D'CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler huet sech mat Vertrieder vum Centre pour l'égalité de traitement (CET) ausgetosch. Den CET ass zoustänneg fir Froe vun der Diskriminéierung op Grond vun der Rass oder der ethnescher Hierkonft, vum Geschlecht, vun der sexueller Orientéierung, vun der Relioun oder den Iwwerzeegungen, vun engem Handicap a vum Alter, ass rattachéiert un d'Chamber. Lëtzebuerg muss nach zwou EU-Direktiven zu Mindeststandarde fir esou Institutiounen ëmsetzen, fir hir Missioune kënnen ze erfëllen. 

An engem liewegen Echange goung et ëm d'Fro vun de néidege Ressourcen, d'Onofhängegkeet a d'Kompetenzen, déi an esou e Gesetz misst afléissen.