Echange mam Immobiliesecteur

D'Situatioun am Wunnengsbau bereet Suergen. Zanter 2023 gi just nach knapps 1.000 Wunnenge pro Joer gebaut, wat largement d'Besoinen net méi deckt. D'Vize-Fraktiounspresidentin Diane Adehm an d'Deputéiert Laurent Mosar, Marc Lies an Alex Donnersbach hu Vertrieder vun der Chambre Immobilière du Luxembourg empfaangen a sech iwwer Pisten ausgetosch, wéi de Wunnengsbau kéint erëm belieft ginn.