D’Sécherheet bleift eng absolut Prioritéit fir d’Regierung an d’CSV. Mat der Aféierung vun enger lokaler Police, déi vun der Chamber mat grousser Majoritéit gestëmmt gouf, geet eng laangjäreg Fuerderung vun der CSV an Erfëllung.
De Laurent Mosar geet drop an, datt dës Police d’Proximitéit, d’Präventioun an d’Zesummenaarbecht mat de Bierger an de Gemengen stäerkt. Déi éischt Resultater, wéi am Pilotprojet an der Stad, si positiv. D’CSV setzt sech och weider fir Investissementer an d’Sécherheet an – well ouni Sécherheet keng Fräiheet.