Vum nächste Joer u soll d'Alphabetiséierung op Franséisch am ganze Land agefouert ginn. Dëst an d'Orientéierungsprozedur no der Primärschoul waren ënnert anerem Sujeten, déi d'Deputéiert Ricardo Marques, Jeff Boonen an Alex Donnersbach mat de Vertrieder vun de Syndicaten SEW an SNE diskutéiert hunn.
Deen interessanten Austausch soll geschwënn e Suivi fannen.