D’Fraktioun diskutéiert iwwert KI mat der Chambre de Commerce

CC1

Kënschtlech Intelligenz (KI) huet d’Potenzial fir d‘Welt a ville Beräicher fundamental ze veränneren. Fir d’Defien ze diskutéieren, virun deenen Lëtzebuerg an Europa an dem Beräich stinn, huet d’Fraktioun Vertrieder vun der Chambre de Commerce gesinn. De Reskilling vun Employéen, d’Integratioun vu KI an d’Schoulprogrammer an d’Finanzéierung vu Start-Ups an dem Beräich ware just e puer Sujeten, déi ugeschwat goufen.

D’Spriecherin fir KI, Françoise Kemp an d‘Deputéiert Diane Adehm, Stéphanie Weydert, Octavie Modert, Laurent Mosar a Maurice Bauer hunn hir Bereetschaft erkläert, fir all Initiativen ze ënnerstëtzen, déi derzou féieren, dass Lëtzebuerg bei dëser rasanter Entwécklung zum Akteur gëtt.