Wou ass de Projet vum neien Internat vun der Dikrecher Hotelschoul aktuell drun?

Charel WEILER

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

De Staatsbudget fir d’Joer 2024 huet 22,4 Milliounen Euro virgesinn fir de Bau vun engem neien Internat fir déi Dikrecher Hotelschoul (EHTL). An der viregter Regierung hat den deemolege Minister fir ëffentlech Aarbechten a senger Äntwert op d’Question parlementaire n°5930 ugekënnegt, et géife ronn 60 Wunnengen entstoen, déi exklusiv fir d’Studente vum EHTL virgesi wieren. Deemools housch et, d’Aarbechte géifen 2025 ugoen an Enn 2027 respektiv Ufank 2028 fäerdeg gestallt ginn.

Zousätzlech war am Kader vun de groussen Infrastrukturprojete fir 2025 ze liesen, dass déi bestoend Infrastrukture vum EHTL zu Dikrech géife renovéiert an energeetesch sanéiert ginn.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:

  1. Kann d’Madamm Ministesch präziséieren, wou de Projet vum neien Internat vum EHTL aktuell drun ass?

  2. Kann d’Madamm Ministesch matdeelen, wéini d’Aarbechten un dësem Bau ufänken a wéini mat engem Ofschloss ze rechnen ass?

  3. Kann d’Madamm Ministesch soen, wéini d’Renovatiouns- respektiv Sanéierungsaarbechten op deem Site wäerten ugoen?

  4. Kann d’Madamm Ministesch matdeelen, ob dës Aarbechten en Afloss op de Schoulbetrib wäerten hunn?

  5. Kann d’Madamm Ministesch präziséieren, wéi laang dës Aarbechte solle daueren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Charles Weiler

Députéierten