Wéini ginn d’Tunnelle Grouft a Stafelter nees komplett fir de Verkéier opgemaach?

Charel WEILER
Jeff BOONEN

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Den 30. Januar, kuerz no der Ukënnegung vun der Stroossebauverwaltung, datt an den Tunnellen Grouft a Stafelter op der A7 bis op Weideres a béid Richtungen jeeweils eng Spuer gespaart, an d’Vitesselimitatioun op 70 km/h reduzéiert gëtt, hate mir d’parlamentaresch Fro N°3576 gestallt.

Zil dovun war et, méi Detailer iwwer dës Mesuren ze kréien an de geneeë Grond fir d’Aarbechten an den Tunnellen ze verstoen. An hirer Äntwert vum 10. Februar huet d’Madamm Ministesch eis matgedeelt, datt et sech ëm e Problem bei eenzele Komponente vum Gebléis vun de Ventilatore handelt, dee am Kader vu Maintenanceaarbechte festgestallt gouf. E präzisen Zäitplang fir d’Dauer vun dësen Aarbechte konnt si awer net uginn, well déi néideg Ersatzstécker nach vum Fournisseur missten hiergestallt, geliwwert an duerno installéiert ginn.

Déi deelweis Spärung vun den Tunnellen Grouft a Stafelter féiert, wéi ze erwaarden, zu bedeitende Stauen op der A7 selwer, awer och op den Auswäichstroossen am Uelzechtdall an an der Ëmgéigend. Vill Automobiliste verléieren lues a lues hir Gedold, well d’Fuerzäiten tëscht der Stad an dem Norden, besonnesch an de Stousszäiten, däitlech zougeholl hunn.

An deem Kontext wollte mir follgend Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:

 

  • Kann d’Madame Ministesch eis mëttlerweil soen, wéini d’Tunnellen Grouft a Stafelter nees vollstänneg fir de Verkéier opginn ? 

     

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Charles Weiler 

Député 

 

Jeff Boonen 

Député