Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Esou wäit mir informéiert sinn, üben den Direkter an d'Direktesch-adjointe vum Lycée zu Klierf hir jeeweileg Funktiounen zanter ronn dräi Joer nëmmen als « faisant fonction » aus.
Dës Situatioun werft Froen op, besonnesch am Hibléck op déi berufflech a finanziell Nodeeler, déi mat esou engem Statut verbonne kënne sinn, obwuel déi concernéiert Persounen d'Verantwortung vun hire Funktioune scho säit méi Joren iwwerhuelen.
An deem Zesummenhang géife mir dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend gär dës Froe stellen:
- Kann den Här Minister confirméieren, datt den Direkter an d'Direktesch-adjointe vum Lycée zu Klierf zanter ronn dräi Joer hir Funktiounen als « faisant fonction » ausüben?
- Wat sinn d'Grënn, firwat déi zwou Direktiounsposten iwwer esou eng laang Zäit net definitiv besat goufen? Goufen et an deem Zesummenhang administrativ, juristesch oder organisatoresch Problemer ?
- Bis wéini plangt den Här Minister, dës Situatioun ze réglementéieren an déi zwee Direktiounsposten definitiv ze besetzen?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.