Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Déi nei europäesch Führerschäinsdirektiv gesäit vir, datt Persounen, déi am Besëtz vun engem Führerschäi vun der Kategorie B sinn, ënner bestëmmte Konditioune Gefierer mat engem maximal zougeloossene Gesamtgewiicht vu bis zu 4,25 Tonnen däerfe fueren. Dës Erweiderung ass besonnesch fir elektresch Camionnettë vu Bedeitung, well d'Gewiicht vun de Batterien hir Luedkapazitéit reduzéiert. Och fir Camperbesëtzer an Asazgefierer vum CGDIS kann dës Upassung relevant sinn.
An der Äntwert op d'parlamentaresch Fro n°3340 vum 11. Dezember 2025 ass erkläert ginn, datt d'Aarbechte fir d'Ëmsetzung vun der neier Direktiv am Gaange sinn an datt e Gesamtkonzept ausgeschafft soll ginn, dat besonnesch der Verkéierssécherheet Rechnung dréit. Gläichzäiteg ass op déi europäesch Friste vun 2028 an 2029 verwise ginn. Fir Lëtzebuerg, mat sengem héijen Undeel u grenziwwerschreidendem Verkéier, ass och eng méiglechst gutt Ofstëmmung mat eisen Nopeschlänner vu Bedeitung.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Wéi wäit sinn d'Aarbechten um ugekënnegte Gesamtkonzept fir d'Ëmsetzung vun der neier europäescher Führerschäinsdirektiv zanter Januar 2026 fortgeschratt?
Kann d'Madamm Ministesch mëttlerweil e méi konkreten Zäitplang fir d'Aféierung vun der 4,25-Tonne-Grenz zu Lëtzebuerg nennen? Gëtt eng Ëmsetzung virun den europäesche Fristen envisagéiert?
Steet d'Regierung mat den zoustännegen Autoritéiten an Däitschland, Frankräich an der Belsch am Austausch, fir d'Aféierung vun dësen neie Bestëmmungen zäitlech ze koordinéieren? Wa jo, wéi ass de Stand vun dësen Ofstëmmungen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.