Wéi wierksam ass de staatlech ënnerstëtzte Versécherungssystem bei Drécheschied an der Landwirtschaft?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeleeden.

Déi aussergewéinlech héich Temperaturen am Summer hunn op ville landwirtschaftleche Betriber zu Verloschter bei der Recolte gefouert. Fir sech géint déi finanziell Konsequenze vun esou Ausfäll ofzesécheren, kënnen d’Baueren eng Versécherung ofschléissen. De Staat bedeelegt sech mat 65 Prozent un der Versécherungsprimme.

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nummer 4734 vum 12. Oktober huet d’Madamm Landwirtschaftsministesch drop higewisen, datt d’Berechnungen zu den Drécheschied vum Summer nach net definitiv ofgeschloss wieren. An deem Kontext géif ech gär follgend Froe stellen:

  • Sinn d’Berechnungen an d’Ausbezuelunge vun den Ernteausfäll mëttlerweil ofgeschloss?
    • Falls net, wéini ass domat ze rechnen?
  • Wéi héich ass de Gesamtbetrag vun den Entschiedegungen, déi bis elo fir Verloschter bei der Recolte ausbezuelt goufen, a wéi vill Betriber hunn dovu profitéiert?
  • No wéi enge Krittäre goufen d’Drécheschied um Gréngland bewäert an entschiedegt?
    • Wéi vill Betriber hunn dofir eng Entschiedegung kritt a wéi héich ass de Gesamtbetrag vun dësen Ausbezuelungen?
  • Kann d’Madamm Ministesch bestätegen, datt eenzel Betriber trotz héijen Drécheschied um Gréngland keng Entschiedegung vun hirer Versécherung kruten?
    • Wa jo, wéi ass dat ze erklären?
    • Wa jo, wéi eng?
  • Wéi héich ass de Gesamtbetrag vun de Versécherungsprimme fir dat betraffent Recoltejoer?
    • Wéi vill dovun hunn d’Betriber selwer gedroen a wéi héich war d’Bedeelegung vum Staat?
  • Wéi bewäert d’Madamm Ministesch d’Wierksamkeet vun der staatlecher Bedeelegung un de Versécherungsprimmen?
  • Huet d’Regierung gegebenenfalls wëlles, de private Versécherungssystem weider an der aktueller Form ze ënnerstëtzen, oder si Verbesserunge bezéiungsweis ergänzend Instrumenter virgesinn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen
Deputéierten