Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportsminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.
Zanter e puer Joer huet eist Land e strukturelle Manktem u sportlechen Infrastrukturen, besonnesch d’Zougänglechkeet vu Sportssäll fir Veräiner a lokal Associatiounen ass net optimal. Vill Gemengen stinn virun engem Mangel u Trainings- a Competitiounszäiten, well et u Säll fir Veräiner feelt. Gläichzäiteg verfügen eng Rei Lycéeën a Schoulen iwwer modern Infrastrukturen, déi ausserhalb vun de Schoulzäiten – owes, de Weekend oder wärend de Schoulvakanzen – ongenotzt bleiwen.
Och wann et verschidde Gemengen ginn, déi an Zesummenaarbecht mat de Schouldirektioune Léisunge fir eng gemeinsam Notzung konnten ëmsetzen, sti vill aner Gemengen nach ëmmer virun engem ganz limitéierten oder inexistenen Zougang.
Dat ass besonnesch bedauerlech, well eng besser Ouverture vun dëse Sportssäll net nëmme de lokale Sportsveräiner kéint zougutt kommen, mee och zu engem méi effiziente Gebrauch vu ëffentleche Gelder géif bäidroen an de soziale Zesummenhalt duerch de Sport géif stäerken.
Bei enger Reunioun vun der Sportskommissioun am Januar 2025 huet den Här Sportsminister erkläert, datt hien zesumme mam Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend konstruktiv Gespréicher gefouert huet, fir de lokale Veräiner d’Benotzung vu Schoulinfrastrukturen no de Coursen, wärend dem Weekend souwéi de Schoulvakanzen ze erméiglechen. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend sollt zu dësem Zweck en Inventaire vun de sportlechen Infrastrukturen an hirem Notzungsgrad opstellen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Sportsminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Konnt den Inventaire, deen am Kader vun der parlamentarescher Sportskommissioun am Januar 2025 ugeschwat gouf, mëttlerweil erstallt ginn?
Wéi vill sportlech Infrastrukturen, déi ënnert d’Zoustännegkeet vu Schouletablissementer falen, sinn aktuell ausserhalb vun de Schoulzäiten fir Veräiner a lokal Associatiounen zougänglech? Gëtt et eng national Strategie oder Richtlinnen, déi d’gemeinsam Notzung vu Sportsinfrastrukturen tëscht Schoulen a Sportveräiner fërderen?
No wéi enge Critèren oder Konditioune gëtt aktuell – um Niveau vun de Lycéesdirektiounen oder vun de Ministèren – decidéiert, ob dës Infrastrukturen fir Associatioune sollen opgemaach ginn oder net? Wéi ginn d’Schouldirektiounen an déi technesch Servicer, déi betraff sinn, an dës Problematik agebonnen, a wéi eng Moossnamen ginn ugeduecht, fir déi administrativ Gestioun am Zesummenhang mat der Ouverture vun de Säll ze vereinfachen?
Ass et virgesinn, datt d’Regierung ee Reglement ausschafft oder zumindest eng kloer Recommandatioun gëtt, fir dës Infrastrukturen systematesch fir déi lokal Veräiner zougänglech ze maachen?
Plangt d’Regierung en nationalt Instrument anzeféieren – z. B. eng Plattform oder e standardiséierte Modell vun Accord – fir d’Koordinatioun tëscht Gemengen, Schouletablissementer a Sportveräiner am Sënn vun enger gemeinsamer Notzung vun den Infrastrukturen ze vereinfachen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Charles Weiler
Députéierten