Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.
An deene leschte Joren sinn iwwerall uechter d’Land eng Villzuel vu Barbershops an Neelstudioen opgaang. Dëst Phänomen geet mëttlerweil wäit iwwert een Trend eraus an dës Geschäfter hunn eng markant Präsenz an eise Stad- an Duerfkären. Et ass ze begréissen, dass esou vill Leit sech trauen, sech selbstänneg ze maachen an een eegene Betrib grënnen. Dobäi soll een awer Uecht ginn, dass bei dëse Grënnungen och all d’Konditiounen erfëllt sinn, déi d’Gesetzgebung virgesäit. Esou wuel d’Barbershops ewéi d’Neelstudioen sinn zum Beispill ënnert de Beruffer op der Lëscht A am Gesetz iwwert den Droit d’Etablissement agedroen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus stellen:
Kann den Här Minister oplëschten, wéi vill Handelsermächtegunge fir Barbershops an deene leschte 5 Joer erstallt goufen?
Kann den Här Minister oplëschten, wéi vill Handelsermächtegunge fir Neelstudioen an deene leschte 5 Joer erstallt goufen?
Kann den Här Minister oplëschten, wéi vill Barbershops an deene leschte 5 Joer hir Handelsermächtegung entzu kruten a firwat?
Kann den Här Minister oplëschten, wéi vill Neelstudioen an deene leschte 5 Joer hir Handelsermächtegung entzu kruten a firwat?
Kann den Här Minister oplëschten, wéi eng Konditioune mussen erfëllt sinn, fir dës Handelsermächtegung ze kréien?
Kann den Här Minister Informatioune ginn, wéi d’Erfëlle vun dëse Konditioune kontrolléiert gëtt?
Här President, ech bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Députéierten