Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weider ze leeden.
E rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht vu Koblenz huet d’Grenzkontrollen am Grenzgebitt tëscht Däitschland a Lëtzebuerg als net konform mam Schengener Grenzkodex agestuuft. Konkret geet et ëm eng Kontroll tëscht Schengen a Perl am Juni 2025, géint déi e Pendler geklot hat. Dem Geriicht no hätt Däitschland, op d’mannst fir den Zäitraum vum 16. Mäerz bis de 15. September 2025, d’Krittäre fir dauerhaft Grenzkontrollen net erfëllt, ënner anerem wat d’Begrënnung an d’Informatioun un d’Nopeschlänner an un d’europäesch Partner ugeet.
Dës Decisioun werft wichteg Froe fir Lëtzebuerg op, besonnesch am Hibléck op de fräie Persouneverkéier am Schengen-Raum, d’Situatioun vun de ville Grenzgänger an d’Koordinatioun tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. An der Vergaangenheet gouf et scho vill Diskussiounen tëscht lëtzebuergeschen an däitsche Ministeren zu dësem Sujet. Leider hunn déi däitsch Partner net agelenkt an hir Grenzpolitik weider gefouert.
Dowéinst hunn ech follgend Froen un den Här Inneminister ze stellen :
Wéi bewäert d’Regierung d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht vu Koblenz, mat deem d’däitsch Identitéitskontrollen am Grenzgebitt mat Lëtzebuerg als net konform mam Schengener Grenzkodex agestuuft goufen?
Wësst Dir scho wéieng Démarchen déi däitsch Regierung no dësem Urdeel huele wäert? Hutt d’Regierung eng Entrevue mat den zoustännegen däischen Autoritéiten ugefrot, fir iwwert d’Konsequenzen vum Urdeel ze beroden Besteet eng Chance datt zäitno d’Grenzkontrolle wegfale wäerten?
Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Urdeel vu Koblenz Konsequenzen fir d’Grenzkontrollen insgesamt huet?
Wéi setzt d’Regierung sech weider hinn op europäeschem Niveau dofir an, datt temporär Grenzkontrollen am Schengen-Raum nëmmen als lescht Mëttel, proportional a fir eng limitéiert Dauer agesat ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert
Deputéiert