Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus an un den Här Inneminister weider ze leeden.
D'Aktivitéitszone Rolach a Schaedhaff hunn eng Fläch vu ronn 18 Hektar a leien um Terrain vun der gemeng Sandweiler, déi och zu engem groussen Deel Proprietäre vun dësen Terrainen ass. Dës Zonen sinn laut PAG an enger Zone ECO-c1 klasséiert. Laut mengen Informatioune lafen aktuell Gespréicher tëscht dem Wirtschaftsministère an der Gemeng Sandweiler fir d'Terrainen wou d'Gemeng Proprietäre ass ofzekafen. Dës Demarche werft eng Rei Froen op.
An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus an dem Här Inneminister follgend Froe stellen:
Un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus
- Wéi gesäit de Wirtschaftsministère dës Reprise?
- Wat wier de Käschtepunkt fir de Staat bei enger Reprise?
- Gëtt eventuell ugeduecht fir dës Aktivitéitszonen nach weider auszebauen?
- Wéi sollt dës Aktivitéitszonen zukünfteg klasséiert ginn?
- Wien ass zoustänneg a wie géif am Fall vun enger Sanéierung oder vun engem Ausbau vun der Aktivitéitszone déi jeeweileg Studien iwwert d'Ëmwelt, Waasserwirtschaft, Kommodo ..asw bezuelen?
- Wat ass déi aktuell Baudicht (COS + CUS) vun dësen Zonen a wéi eng Baudicht kéint fir d'Zukunft ugestrieft ginn?
- Mécht sech de Staat keng Suergen iwwert een zousätzlecht Verkéiersopkommen an dësem Beräich?
Un den Här Inneminister:
- Wéi gesäit den Inneminister de Verkaf vun Terrainen déi am Besëtz vun de Gemenge sinn?
- Muss d'Gemeng net eng detailléiert Expertise iwwert de Wäert vun dëse Parzellen virleeën?
- Wier et net wichteg datt d'Gemeng sech eng "réserve foncière" fir eng zukünfteg Weiderentwécklung géif abehalen?
Här President, Mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Marc Lies
Deputéierten