Wéi gutt ass Lëtzebuerg op eng méiglech Ausbreedung vum Japankäfer virbereet?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeleeden.

De Japankäfer (Popillia japonica) ass en invasive Planzeschiedling, deen sech an Europa verbreet. Hie ka vill verschidde Planzenaarten ugräifen an domat Schied an der Landwirtschaft, am Uebst- a Wäibau, mee och a Gäert a Grénganlagen uriichten. Eng fréizäiteg Detektioun ass dofir wichteg, fir seng Usiidlung a Verbreedung ze verhënneren. An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Ministesch gär follgend Froe stellen:

  • Gouf de Japankäfer schonn zu Lëtzebuerg nogewisen? 

    • Wa jo, wou a wéini, a wéi eng Moossname goufen doropshin ergraff?

  • A wéi enge Länner a Regioune gouf de Japankäfer bis elo nogewisen, a wéi no leien déi bekannte Plazen bei der Lëtzebuerger Grenz?

  • Wéi eng Risike géifen duerch eng Ausbreedung vum Japankäfer zu Lëtzebuerg entstoen, besonnesch fir d’Landwirtschaft, den Uebst- a Wäibau souwéi fir Gäert a Grénganlagen?

  • Wéi kann een de Japankäfer erkennen a vun änlechen heemesche Käfer ënnerscheeden?

  • Wou a wéi kann d’Bevëlkerung e Verdachtsfall mellen?

  • Wéi soll ee sech verhalen, wann een e verdächtege Käfer fënnt?

  • Wéi eng Iwwerwaachungs- a Preventiounsmoossname ginn et zu Lëtzebuerg, a wéi ginn d’Bevëlkerung an déi betraffe Beruffsgruppen iwwer de Japankäfer informéiert?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Octavie Modert
Deputéiert