Wéi grouss sinn d’Ëmwelt- a Wirtschaftsfollge vum Pëtrolsincident an der Musel am Mäerter Hafen?

Ricardo MARQUES
Octavie MODERT

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, de Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus an un de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weider ze leeden.

Laut rezente Medieberichter koum et gëschter zu enger bedeitender Verschmotzung vun der Musel, nodeems am Mäerter Hafen eng gréisser Quantitéit Pëtrol an de Floss gelaf ass. D'Rettungsdéngschter, dorënner de CGDIS an déi däitsch Wasserschutzpolizei, si mat groussem Opwand am Asaz fir d'Ausbreedung ze verhënneren an den Impakt op d'Ëmwelt ze minimiséieren.

An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten, de Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus an un de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit stellen:

  1. Konnt d'Quell vun der Verschmotzung schonn erfaasst ginn an handelt et sech ëm en techneschen Defekt, en Accident oder eng bewosst Entsuergung?
  2. Wéi eng Quantitéit u Pëtrol ass an d'Musel gelaf?
  3. Wéi laang wäerten d’Schëfffaart an d’Hafenaktivitéiten duerch dësen Incident impaktéiert sinn a bis wéini wäerten d’Botzaarbechten daueren?
  4. Wéi staark gouf d'Beruffsschëfffaart beaflosst, a wéi ginn d'Schëffsbedreiwer iwwert d'Dauer vun de Verspéidungen an den Aarbechten informéiert?
  5. Wéi eng technesch Mëttele sinn ergraff gi fir de Pëtrol ze bannen?
  6. Wéi bewäerten déi zoustänneg Instanzen de Schued fir d’Fauna a Flora, besonnesch mat Bléck op d'Fëschbestänn an d’Schutzgebidder?
  7. Wéi funktionéiert d'Zesummenaarbecht mat den däitschen a franséische Behörden, international Kommissiounen IKSMS, an dësem grenziwwerschreidende Fall?
  8. Wéi eng technesch Risike besti fir Schëffer, déi duerch eng Uelegschicht fueren?
  9. Wéi eng finanziell a wirtschaftlech Konsequenzen huet d'Verschmotzung op déi regulär Aarbechten am Mäerter Hafen?
  10. Gëtt et eng éischt Aschätzung vum wirtschaftleche Schued duerch dësen Incident fir d'Logistikberäich mat all senge Konsequenzen?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Ricardo Marques

Deputéiert

 

Octavie Modert

Deputéiert

 

Stéphanie Weydert 

Deputéiert