Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch an un den Här Ëmweltminister weiderzeginn.
De leschte Mount huet erëm d‘„Plastiksammlung“ an der Landwirtschaft stattfonnt. Plastikfolie vun de Siloen, Stretchfolie vun de Silosbotten, Ficellen a Netzer ginn op Sammelstellen zesummegefouert, fir da recycléiert ze ginn. De Landwirtschaftsministère bitt dëse Service un, deen erlaabt, kollektiv d’Sammlung an de Recyclage ze maachen. Anescht misst all Bauer sech eenzel dorëmmer bekëmmeren. An dem Kader wollt ech follgend Froen un d‘Madamm Landwirtschaftsministesch an un den Här Ëmweltminister stellen.
Wéi gëtt d’Sammlung organiséiert a wien ass zoustänneg?
Wéi ginn déi verschidden Offäll weiderverschafft?
Gëtt en „Upcycling“ gemaach?
Wéi vill Tonne kënne pro Kategorie all Joer recycléiert ginn?
Wéi gëtt sécher gestallt, datt d‘Materialien och richteg entsuergt, respektiv recycléiert ginn?
Wat fir Konditioune mussen d‘Betriber erfëllen, fir datt se kënne bei der Sammlung mat maachen?
Wat kascht d’Sammlung?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jeff Boonen
Deputéierten