Wéi gëtt déi wirtschaftlech Rentabilitéit, d’Qualitéit an d’Attraktivitéit vum Beruff vun den Assistants parentaux am Kader vum neie Finanzéierungsmodell geséchert a gestäerkt?

Här President,


Geméiss dem Artikel 80 vum Reglement vun der Chamber bieden ech Iech, déi follgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Déi geplangten Upassung vum Finanzéierungsmodell vun den Assistants parentaux soll dozou bäidroen, dëse Beruff méi attraktiv ze maachen an d’Qualitéit vun der Betreiung ze stäerken. Gläichzäiteg stellen sech weider Froen iwwer d’tatsächlech wirtschaftlech Situatioun vun den Assistants parentaux, hir lafend Betribskäschten an d’Unerkennung vun der gesamter geleeschter Aarbechtszäit.
Assistants parentaux üben hir Aktivitéit als Selbstänneg aus, stellen hir privat Raimlechkeete fir d’Betreiung zur Verfügung a leeschten nieft den direkte Betreiungsstonnen och Virbereedungs-, Dokumentatiouns-, Administratiouns- a Formatiounsaarbecht.
Déi steierlech Pauschal vun engem Drëttel vun de Betribsrecetten, déi als Betribskäschten ugesat ka ginn, ass dobäi vun enger direkter finanzieller Hëllef oder enger staatlecher Kompensatioun am Kader vum Finanzéierungsmodell ze ënnerscheeden.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Minister follgend Froe stellen:


1. Op wéi enger wirtschaftlecher Basis goufen déi geplangte staatlech Kompensatiounsbeträg pro Kand a Woch berechent? Gouf dobäi de soziale Mindestloun als wirtschaftlech Referenz geholl, a wa jo, de qualifizéierten oder den net qualifizéierte Mindestloun?
2. Kann de Minister fir verschidde Betreiungsmodeller, mat dräi bis sechs gläichzäiteg betreite Kanner, ënnerschiddleche Betreiungsstonnen a 46 respektiv 52 Aktivitéitswochen am Joer, detailléiert Modellberechnunge virleeën? Dës solle mindestens d’Bruttorecetten, déi tatsächlech oder pauschal ugesate Betribskäschten, d’Sozialcotisatiounen an déi effektiv geleeschten Aarbechtsstonne getrennt weisen. Wéi héich ass an de jeeweilege Modeller de resultéierende wirtschaftleche Stonnerevenu virun an no Steieren?
3. Wéi ginn déi obligatoresch Grondformatioun, déi kontinuéierlech Weiderbildungen an déi berufflech Erfarung bei der Berechnung vun der staatlecher Kompensatioun berücksichtegt? Wier de qualifizéierte soziale Mindestloun eng sënnvoll wirtschaftlech Referenz fir d’Bewäertung vun der geleeschter Aarbecht, ouni domat eng automatesch gesetzlech Gläichstellung mat enger qualifizéierter Salariatsplaz ze behaapten?
4. Wéini gouf déi steierlech Pauschal vun engem Drëttel vun de Betribsrecetten fir d’lescht op Basis vun den tatsächleche Käschte vun den Assistants parentaux iwwerpréift? Ginn et aktuell Donnéeën iwwer Energie, Botzen, Versécherungen, Material, Ënnerhalt an de Verschleiß vun de private Raimlechkeeten, déi fir d’Betreiung benotzt ginn? Ass eng Aktualiséierung vun der Berechnungsgrondlag virgesinn?
5. Wéi vill Zäit fir d’Virbereedung vu pedagogeschen Aktivitéiten, d’Dokumentatioun, d’Elteregespréicher, d’Administratioun, de Projet d’établissement an déi obligatoresch Formatiounen ass am Finanzéierungsmodell virgesinn? Wéi gëtt déi net direkt verrechenbar Aarbechtszäit berücksichtegt?
6. Wéi vill Assistants parentaux hunn zanter der Aféierung vun der eemoleger staatlecher Materialsubventioun vun 3.000 Euro e Remboursement fir d’Uschafung vun néidegem Material a Miwwelen ugefrot a wéi vill hunn eng Ausbezuelung kritt? Op wéi enger Basis gouf dëse Montant festgeluecht? Ass eng reegelméisseg Ënnerstëtzung fir d’Erneierung vu Material a Miwwelen an d’Adaptatioun vun de Raimlechkeeten denkbar?
7. Kann de Minister eng detailléiert an transparent Iwwersiicht iwwer déi tatsächlech ëffentlech Finanzéierung pro Kand a pro Joer fir déi verschidde Betreiungsformen zu Lëtzebuerg virleeën, mat enger separater Opdeelung fir konventionéiert Crèchen, privat net konventionéiert Crèchen, Maisons relais an Assistants parentaux?
Kann dobäi tëscht de staatlechen a kommunale Participatiounen ënnerscheet ginn an d'Finanzéierung vun de Personalkäschten, der Administratioun, de Raimlechkeeten (Bau, Locatioun, Ënnerhalt), dem pädagogesche Material, den Aktivitéiten an dem Transport eenzel opgelëscht ginn?
Wéi ginn déi ënnerschiddlech Finanzéierungsmodeller, d'Qualifikatioune vum Personal, d'Betreiungsstonnen an d'Altersgruppe vun de Kanner bei dësem Verglach berücksichtegt, fir datt déi tatsächlech ëffentlech Ausgabe pro Kand objektiv matenee verglach kënne ginn?
A wéi engem Mooss ginn déi zousätzlech Infrastruktur- a Betribskäschten, déi Assistants parentaux als Selbstänneg selwer droen, bei der Festleeung vun hirer staatlecher Finanzéierung berücksichtegt?
8. Wéi eng finanziell Ënnerstëtzung gëtt et fir pädagogesch Ausflich, kulturell Aktivitéiten an den Transport bei Assistants parentaux? Wier e Kultur- an Aktivitéitspass pro Kand mat enger direkter Ofrechnung tëscht dem Staat an den Ubidder méiglech, fir datt d’Assistants parentaux dës Käschten net virfinanzéiere mussen an zousätzlech administrativ Belaaschtunge vermeit ginn?
9. Ass eng onofhängeg Evaluatioun vun de reelle Betribskäschten, dem effektive Stonnerevenu an de laangfristegen Auswierkunge vun der Reform op d’wirtschaftlech Rentabilitéit an d’Attraktivitéit vum Beruff virgesinn, mat enger representativer Bedeelegung vun Assistants parentaux aus verschiddene Beruffssituatiounen?
10. Am Kader vun der Validation des acquis de l’expérience (VAE) kënnen Assistants parentaux hir berufflech Erfarung unerkenne loossen, fir eng offiziell Qualifikatioun ze kréien. Vill vun hinnen hunn nieft hirer obligatorescher Grondformatioun an de reegelméissege Weiderbildunge schonn eng laangjäreg praktesch Erfarung an der Kannerbetreiung.
Je no ugestrieftem Diplom an dem individuelle Parcours kënnen awer zousätzlech Stagen an anere Betreiungsstrukturen néideg sinn. Fir selbstänneg Assistants parentaux stellt dat eng besonnesch Erausfuerderung duer, well si sech net ouni Weideres ersetze loosse kënnen. Esou Stagen kënnen zu enger Ënnerbriechung vun der gewinnter Betreiung féieren, wat net nëmme finanziell Konsequenze fir d'Assistants parentaux huet, mee och d'Kontinuitéit an d'Stabilitéit vun der Betreiung fir d'Kanner an hir Famillje beaflosst.
Ass de Minister bereet, zesumme mat de concernéierten Instanzen, méi flexibel Léisunge fir Assistants parentaux am Kader vun der VAE ze ënnersichen? Kéinten dobäi déi laangjäreg Beruffserfarung, déi obligatoresch Formatiounen an déi tatsächlech geleeschte pädagogesch Aarbecht méi staark unerkannt ginn, fir eventuell Stageverflichtungen unzepassen oder duerch alternativ Forme vun der praktescher Evaluatioun ze ersetzen, ouni dobäi d'Ufuerderungen un d'Qualitéit vun der Ausbildung a Fro ze stellen? Dëst mam Zil, de selbstännegen Assistants parentaux eng realistesch Méiglechkeet zur Weiderqualifikatioun ze bidden, ouni d'Kontinuitéit vun der Kannerbetreiung ze ënnerbriechen.
11. Wéi ass am neie Finanzéierungsmodell d'Facturatioun an d'Ausbezuele vun der staatlecher Kompensatioun gereegelt, wann en Assistant parental wéinst enger kuerz- oder laangfristeger Krankheet ausfält? Bis elo gouf d'Facturatioun bei enger Krankschreiwung vum éischten Dag un suspendéiert.
Kënnen d'Betreiungsstonnen, déi vun enger autoriséierter Ersatzpersoun effektiv geleescht ginn, weider facturéiert ginn, a wéi gëtt déi eventuell staatlech Kompensatioun an deem Fall berechent? Wien dréit d'Käschte fir d'Bezuelung an d'Sozialcotisatioune vun der Ersatzpersoun?
Wéi ënnerscheet sech dës Situatioun vun där vun anere Selbstännegen, deenen hire Betrib während enger Krankheet duerch Personal weidergefouert ka ginn? Wéi wierkt sech den Asaz vun enger Ersatzpersoun op d'Krankegeld vun der CNS oder der Mutualité des employeurs aus?
Ass de Minister bereet, déi aktuell Begrenzung vum Ersatz op 8 Stonnen d'Woch an 200 Stonnen d'Joer am Krankheetsfall ze iwwerpréiwen, fir d'Kontinuitéit vun der Kannerbetreiung ze garantéieren?

Mat héichuechtungsvolle Gréiss,
 

Nancy Arendt
Deputéiert