Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Am Kader vun der rezenter Ausschreiwung fir den RGTR-Busreseau hu Vertrieder aus dem Transportsecteur Bedenken iwwert verschidde Bestëmmungen am neie Cahier des charges formuléiert. Dobäi gëtt ënner anerem drop higewisen, datt verschidde sozial Kritären, déi an der Vergaangenheet virgesi waren, net méi an där selwechter Form zeréckbehale goufen. Et geet dobäi besonnesch ëm d’Fro vum Respekt vum Kollektivvertrag, d’Iwwerhuele vum bestehende Personal bei engem Changement vum Exploitant souwéi ëm d’Sproochekrittären, déi fir d’Buschaufferen definéiert goufen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
Kann d’Madamm Ministesch erklären, aus wéienge Grënn de Respekt vum Kollektivvertrag net méi explizitt als obligatoresche Critère am neie Cahier des charges virgesinn ass?
Firwat ass am Kader vun der neier Ausschreiwung keng verbindlech Dispositioun betreffend d’Iwwerhuele vum Personal bäibehale ginn?
Wéi begrënnt d’Madamm Ministesch d’Erweiderung vun de Sproochenufuerderungen fir Buschaufferen am RGTR-Reseau?
Wéi gëtt an deem Kontext verhënnert, datt et zu enger Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen oder zu Forme vu Sozialdumping am Secteur kënnt?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.