Wéi füügt sech d’Classe de transition am Fondamental an de besteeënde System vu Prise en charge an?

Ricardo MARQUES

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden. 

Am Enseignement fondamental komme reegelméisseg Situatioune vir, wou Kanner mat ausgepräägte Verhalensschwieregkeeten eng gezielt a strukturéiert Ënnerstëtzung brauchen, fir am Schoulkader kënne stabil ze bleiwen. Nodeems den Dossier an der Commission d’inclusion evaluéiert gouf, kann eng prise en charge iwwer d’Centres socio-thérapeutiques organiséiert ginn. Dës Centres proposéieren, jee no Bedarf vum Kand, eng méi intensiv a multidisziplinär Begleedung a schaffen dobäi och mat der Schoul an den Elteren zesummen, mam Zil, an eng (Re-)Integratioun am reguläre Parcours ze erméiglechen.

Am Koalitiounsaccord 2023-2028 ënnersträicht d’Regierung, datt d’Inklusioun am Fondamental eng grouss Prioritéit war a bleift, an datt et fir déi nächst Jore wichteg ass, d’Équipes de Soutien pour Enfants à Besoins spécifiques (ESEB) och an den Etablissementer vum Enseignement secondaire weider konsequent auszebauen.

Zousätzlech ass eis zougedroe ginn, datt an der Haaptstad an der Direktion 1 eng sougenannte “Classe de transition” besteet, déi ënner anerem als Zil hätt, Kanner mat markante Verhalensschwieregkeeten temporär an engem adaptéierte Kader opzehuelen an eng Reintegratioun virzebereeden. An deem Kontext stellt sech d’Fro, wéi dës Klass am Gesamtsystem positionéiert ass, besonnesch am Verhältnes zur Commission d’inclusion an zu de Centres de compétences.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • No bal 8 Joer misst den Dispositif evaluéiert ginn. Wéi bewäerten sech d’Centres socio-thérapeutiques säit hirer Aféierung? Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt bis e Kand Hëllef an engem CST kritt? A wéi laang dauert am Duerchschnëtt d'Prise en charge vun engem Kand bis en nees an de reguläre Schoulsystem ka reintegréiert ginn?

  • Am Secondaire soll den Dispositif vun den CST och erweidert ginn. Wou sinn déi CST, déi fir de Secondaire virgesi waren, drun? Wéi ass de konkreten Zäitplang vun der Regierung, fir d’Méiglechkeet vun enger Prise en charge och fir Kanner am Enseignement secondaire ëmzesetzen?

  • Wat ass de geneeën Zweck a Mandat vun enger “Classe de transition” (Zilgrupp, Opnamkrittären, Dauer vum Openthalt, Betreiungskonzept, Personalressourcen, Rôle vun der CI/CNI)? Steet dës Klass ënner dem Regimm vun der Commission d’inclusion?

Här President, bieden ech Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Ricardo MARQUES