Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
No der rezenter Attack an dem Doud vun engem Zuchbegleeder an Däitschland, souwéi der steigender Zuel vun Iwwergrëffer a Gewaltaktiounen am ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg, souwuel vis-à-vis vun de Passagéier wéi och vum Personal, ginn d'Suergen an de Besoin un Diskussiounen iwwer d'Sécherheet an eisem Transportsecteur ëmmer méi grouss.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Bei wéi villen Aggressiounen am Joer 2025 ware Salariéeë vun CFL, TICE, AVL, RGTR, LUXTRAM, asw. betraff ? Zu wéi engen Zäiten ginn déi meescht Aggressiounen enregistréiert?
Wéi vill Leit hu missen hospitaliséiert ginn? Wéi vill Leit hu missen ambulant am Spidol an/oder beim Dokter behandelt ginn?
Wéi ginn dës betraffe Salariéeën no esou engem Incident betreit? Gëtt et ee psychologesche Support fir déi Betraffen?
Wéi eng Krittäre ginn et betreffent de Kabinnen an de Bussen zum Schutz vum Personal? Wéi ass d’Evolutioun vun de fënnef leschte Joren an den Ausbléck vum Abau vun dësem Schutz an de Bussen?
Gëtt et eng spezifesch Formatioun fir d’Personal am Ëmgang mat aggressiven oder gewalttätege Situatiounen? Wéi vill Salariéeën hunn esou eng Formatioun schonn absolvéiert?
Wéi eng weider Mesure ginn am Ministère an d‘Weeër geleet fir esou Incident‘en/Attacken ze verhënneren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Georges Mischo
Deputéierten