Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.
Mir ass zougedroe ginn datt Schüler, déi aus dem Oste vum Land an d’Akerbauschoul (LTA) op Gilsdref fueren, net déi beschte Verbindungen am ëffentlechen Transport zur Verfügung hunn. Besonnesch déi Schüler, déi aus dem Raum Fluessweiler a Jonglënster kommen, hu kee Schülerbus zur Verfügung an déi ëffentlech Buslinn bis bei den LTA ass oft iwwerfëllt an den Trajet beschwéierlech. Wann et och net ëmmer sënnvoll ass, eng direkt Busverbindung an den LTA aus all Eck vum Land en Place ze setzen, sollten et op Mannst Sammelplaze ginn, ab deenen ee Schülerbus bis op Gilsdref an den LTA fiert.
Dowéinst hunn ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen :
Wéi vill Schüler aus dem Oste vum Land ginn an den LTA an d’Schoul?
Wéi eng Verbindungen mat Schülerbussen ginn et aktuell aus dem Osten bei den LTA?
Ginn et Sammelplazen am Osten, ab deenen ee Schülerbus an den LTA fiert?
Falls jo, gedenkt d’Regierung weider Sammelplazen mat direkter Busverbindung an den LTA ze schafen?
Falls jo, gëtt de Raum Fluessweiler/Jonglënster och domat ofgedeckt?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert
Deputéiert