Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Laut rezente Presseberichter ass e Museksvideo deelweis um Terrain vun enger Grondschoul zu Déifferdeng gedréint ginn. An deem Video soll ënner anerem eng Persoun mat enger Machete um Schoulterrain ze gesi sinn. Dës Biller hunn an der Ëffentlechkeet fir Opreegung gesuergt a werfen eng Rei Froe betreffend der gewaltsamer Notzung vu Schoulinfrastrukturen ausserhalb vun de reguläre Schoulzäiten op.
Schoulen a Schoulhäff si Plazen, déi an éischter Linn dem Unterrecht, der Betreiung an dem Wuelbefanne vun de Kanner déngen. Och ausserhalb vun de Schoulzäiten ass et dofir wichteg, datt den Zougang zu dësen Infrastrukturen, hir Notzung duerch Drëttpersounen an d’Organisatioun vu privaten oder kommerziellen Aktivitéite kloer gereegelt sinn. Dat gëllt ëmsou méi, wann am Kader vun esou Aktivitéite Géigestänn oder Zeenen zum Asaz kommen, déi als geféierlech oder aschüchterent kënne wouergeholl ginn.
De konkrete Fall stellt domat net nëmmen d’Fro no enger méiglecher Autorisatioun fir den Dréi, mee och no de Kontrollen an de Sécherheetsbestëmmungen, déi bei der Notzung vun engem Schoulterrain duerch extern Persoune gëllen.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Här Inneminister stellen:
Sinn d’Ministeren iwwert d’Ëmstänn informéiert, ënner deenen dëse Videodréi um Terrain vun enger Grondschoul zu Déifferdeng konnt stattfannen, a gouf dofir am Virfeld eng offiziell Autorisatioun ausgestallt?
Wéi eng Reegelen a Prozedure gëlle fir den Zougang zu an d’Notzung vu Schoulgebaier a Schoulhäff ausserhalb vun de reguläre Schoulzäiten, besonnesch am Kader vu privaten Dréiaarbechten oder aneren Aktivitéiten?
Wéi eng Sécherheetsvirschrëfte gëlle bei esou Aktivitéiten, besonnesch wat d’Matbréngen oder d’Benotze vu Waffen oder geféierleche Géigestänn op engem Schoulterrain ugeet?
Gouf oder gëtt an dësem konkrete Fall gepréift, ob déi geltend Reegelen am Beräich vum Zougang, vun der Sécherheet an eventuell vum Ëmgang mat der am Video gewisener Machete agehale goufen?
Gesinn d’Ministeren Handlungsbedarf, fir zesumme mat de Gemengen d’Reegelen an d’Kontrollen am Zesummenhang mat der Benotzung vu Schoulinfrastrukturen ausserhalb vun de Schoulzäiten ze präziséieren oder ze harmoniséieren?
Här President, bieden mir Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.