Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister, d’Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Sécherheet an u d’Madamm Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.
De groussherzogleche Reglement vum 18. Oktober 1972 iwwer d’Schafen an de Fonctionnement vun engem Krematorium-Uewe präziséiert am Artikel 11, datt no enger Anäscherung « [l]es cendres sont recueillies soigneusement et déposées […] dans une urne cinéraire, d’un modèle et d’une composition agréés par les Ministres de l’Intérieur et de la Santé Publique. ».
An der Praxis kréien d’Familljen no der Anäscherung eng “Standardurn” déi aus Metall ass.
Eis national Fluchgesellschaft schreift fir, datt eng Urn aus Sécherheetsgrënn am Handgepäck nëmme kann transportéiert ginn, wann se net aus Metall ass. Dësen Emstand stellt fir verschidde Familljen e konkrete Problem duer wann d’Urn mat engem Fluch an d’Ausland soll bruecht gi fir d’Äschen do kënne bäizesetzen.
No mengen Informatioune ginn et awer mëttlerweil och net-metallesch Urnen, ënner anerem aus biodegradabele Materialien, déi de Sécherheetsufuerderunge beim Lofttransport entsprieche géifen.
An deem Zesummenhang wéilt ech gären dem Här Inneminister, der Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Sécherheet an der Madamm Minister fir Mobilitéit follgend Froe stellen:
Wéi eng Urnen (Modeller a Materialkompositiounen) sinn de Moment vun deenen zwee zoustännege Ministeren offiziell validéiert?
Ass d’Regierung bereet, zousätzlech Urnen-Modeller ze validéieren — besonnesch net-metallesch oder biodegradabel Modeller — fir ze verhënneren, datt Familljen automatesch an e Konflikt mat de Lofttransportreegele geroden, wann se eng Urn mam Fliger an d’Ausland transportéiere wëllen ?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt
Deputéiert