Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weiderzeleeden.
Am Dezember 2025 kruten d’Offallsyndikater vun der Ëmweltverwaltung matgedeelt, dass de Prestataire, dee bis dato ëm déi 50 Prozent vun der Kleedersammlung via den orange Container séchergestallt huet, op den 31. Januar 2026 mat där Aktivitéit géif ophalen. D’Syndikater goufen opgefuedert, no Alternativen ze sichen, well d’Kleedersammlung laut dem Offallgesetz bei de Gemenge läit an dës weiderhi muss séchergestallt ginn. De SYVICOL ass dowéinst schonn am Dialog mat der Ëmweltverwaltung a mat alle betraffenen Acteuren·ricen, fir eng Léisung ze fannen, fir dës Sammlung kuerz, mëttel- a laangfristeg sécherzestellen, och am Hibléck op déi nei EU Direktiv iwwert déi erweidert Responsabilitéit vun de Produzent·innen (Direktiv REP), déi een Impakt op d’Kleedersammlung wäert hunn an déi 2028 a Kraaft trëtt.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit stellen:
Wat sinn déi neitsten Entwécklungen an dësem Dossier?
Wéi eng Léisunge gesäit den Ëmweltminister, fir d’Kleedersammlung weiderhin sécherzestellen, ouni d’Gemengen exzessiv ze belaaschten?
Wéi gedenkt den Ëmweltminister d’Direktiv REP ëmzesetzen?
Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER
Deputéiert