Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit weiderzeleeden.
Rezent hunn sech zu Lëtzebuerg Caféen, Baren a Restauranten der Initiativ « Ask for Angela » ugeschloss. Dës Initiativ erméiglecht et Persounen, déi sech an engem Café, Restaurant oder an enger Bar belästegt oder onsécher fillen, diskret Ënnerstëtzung beim Personal ze froen andeems ee freet op d’Angela haut schafft. Dës Initiativ, déi sech schonn an anere Länner bewisen huet, dréit dozou bäi, Betraffener séier an ouni Eskalatioun aus enger prekärer Situatioun ze hëllefen. Si stäerkt gläichzäiteg d'Sensibiliséierung vum Personal am Horesca-Secteur a setzt e wichtegt Zeeche géint Belästegung an all Form vu geschlechtsspezifescher Gewalt. Eng esou Approche verdéngt et, ënnerstëtzt a weiderentwéckelt ze ginn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit stellen:
- Wéi bewäert d'Madame Ministesch d'Aféierung vun der Initiativ « Ask for Angela » zu Lëtzebuerg?
- Ass d’ASBL mat hirer genannten Initiative un de Ministère erugetrueden?
- Ass virgesinn, datt de Ministère dës oder vergläichbar Initiative logistesch oder finanziell ënnerstëtzt, fir hir Verbreedung am Land ze fërderen?
- Gesäit d'Madame Ministesch d'Noutwendegkeet, zesumme mam Horesca-Secteur e standardiséierte Kader fir Formatiounen a Prozeduren am Ëmgang mat Belästegungs- a Geforesituatiounen auszeschaffen?
- Ass geplangt, eng national Sensibiliséierungscampagne ze lancéieren, fir d'Bevëlkerung an d'Betriber iwwer esou Hëllefsmoossnamen z'informéieren an d'Präventioun vu Belästegung am ëffentleche Raum weider ze stäerken?
- Ass de Ministère am Austausch mat den Initiateure vun « Ask for Angela », dem Inneministère, der Police, dem Horesca-Secteur an aneren Acteuren, fir ze evaluéieren, wéi dës Initiativ op nationalem Niveau kéint ausgebaut an nohalteg verankert ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.