Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
An engem rezente Reportage op RTL gouf erkläert, datt zu Lëtzebuerg all Joer am Duerchschnëtt ronn 17.000 Tonne Stroossesalz am Kader vum Wanterdéngscht gestreet ginn. D’Stroossesécherheet ass ouni Zweiwel eng absolut Prioritéit, besonnesch an de Wanterméint. Gläichzäiteg ass Lëtzebuerg awer bekannt fir seng besonnesch sensibel Gewässer. Dofir stellt sech och d’Fro no den ekologeschen Auswierkunge vum intensiven Asaz vu Salz.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’ Ministeren:
Wéi en Impakt huet de massiven Asaz vu Stroossesalz op d’Ëmwelt, besonnesch op d’Biodiversitéit an de Stroossegriewer an de Randberäicher, souwéi op d’Uewerflächen- a Grondwaasser?
Ginn an den Deeg no staarke Fraschtperioden erhéicht Salzkonzentratioune (z. B. Chloriden) an eise Gewässer gemooss?
Falls jo; Wéi eng Parameter ginn iwwerwaacht? Wéi dacks gëtt gemooss, a vu wiem?
Falls nee; Firwat gëtt op esou Miessunge verzicht?
Wat fir konkret Moossnamen ënnerhëlt de Ministère fir d’Mobilitéit, fir den Asaz vu Stroossesalz sou wäit wéi méiglech ze reduzéieren, ouni d’Stroossesécherheet ze kompromettéieren (z. B. optiméiert Streetechniken, präventiv Streeën, digital Prognosemodeller)?
Gëtt aktiv no alternative Léisunge gesicht, déi manner belaaschtend fir d’Ëmwelt sinn, wëssend datt Split keng nohalteg Alternativ duerstellt?
Falls jo; Wéi eng Alternative ginn aktuell gepréift oder getest?
Falls nee; Aus wéi enge Grënn?
Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.
Charel Weiler Jeff Boonen
Deputéiert Deputéierten