Wéi ass et ëm d'Sécherheet an d'Verstäerkung vun der Staumauer vun Esch-Sauer bestallt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

D'Staumauer vum Stauséi vun Esch-Sauer, déi an de 1950er Jore gebaut gouf, ass eng strategesch wichteg Infrastruktur fir eist Land. Si spillt net nëmmen eng zentral Roll bei der Drénkwaasserversuergung, mee och bei der Stroumproduktioun an dem Héichwaasserschutz. Zanter 2018 ass d'Staumauer och als kritesch Infrastruktur klasséiert.

Schonn an der Äntwert op d'parlamentaresch Fro n° 1713 aus dem Joer 2016 hat déi deemoleg Regierung annoncéiert, datt en zousätzlechen Héichwaasseroflaf gebaut sollt ginn, fir d'Sécherheet vun der Staumauer bei extremen Héichwaasser ze verbesseren. An enger spéiderer Äntwert op eng parlamentaresch Fro gouf präziséiert, datt de Projet däitlech méi ëmfangräich gi wier an dofir e speziellt Finanzéierungsgesetz néideg wier.

Mam Gesetzesprojet n°8263 gouf e Budget vun 98 Milliounen Euro fir d'Verstäerkung vun der Staumauer an déi domat verbonnen Héichwaasserschutzmoossname virgesinn. De Projet ëmfaasst insgesamt fënnef Loten, dorënner en zousätzlechen Héichwaasseroflaf, eng Ëmleedungsgalerie vun der Sauer, Héichwaasser-schutzmoossnamen zu Esch-Sauer an zu Béiwen, souwéi d'Verstäerkung vun der Haaptstaumauer. Deemools war virgesinn, datt d'Aarbechten 2025 ufänken an 2032 ofgeschloss solle sinn. Donieft gouf d'Staumauer am Joer 2023 am Kader vun der zéngjäreger Inspektioun mat Hëllef vun Ënnerwaasserroboter a professionellen Taucher kontrolléiert, ouni datt de Stauséi huet missen eidel gemaach ginn.

An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:

  1. Wat waren déi definitiv Resultater vun der zéngjäreger Inspektioun vun der Staumauer am Joer 2023? Goufen dobäi technesch Mängel oder Schwachstelle festgestallt, déi zousätzlech Ënnerhalts- oder Sanéierungsaarbechten néideg maachen?
  2. Wéi ass den aktuelle Stand vun den Aarbechten am Kader vum Gesetzesprojet n° 8263?
  3. Konnten d'Aarbechten, wéi ursprénglech virgesinn, am Joer 2025 ufänken? Falls net, wat sinn d'Grënn fir d'Verspéidung?
  4. Ass den ursprénglech geplangten Ofschloss vun den Aarbechten am Joer 2032 nach ëmmer realistesch? Wéi gesäit den aktuelle provisoreschen Zäitplang fir déi eenzel Loten aus?
  5. Wéi gëtt d'Sécherheet vun der Staumauer bis zum Ofschloss vun de geplangte Verstäerkungsaarbechte am Fall vun extremem Héichwaasser garantéiert? Sinn an dësem Kontext zousätzlech provisoresch Sécherheetsmoossname virgesinn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.