Här President,
Sou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d'Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weiderzeleeden.
Wéi et an der nationaler Press ze liesen, ass den 23. November 2026 am Centre Hospitalier du Nord (CHdN) zu enger gréisserer informatescher Pann komm, déi de Spidolsbetrib staark beanträchtegt.
Duerch dës Pann hu schonn eng Rei Rendez-vouse vun ambulante Patiente missen ofgesot ginn. Fir stationär Patienten huet d'Spidol missen op Pabeierdossieren zeréckgräifen, fir d'Behandlungen och ouni déi betraffen informatesch Systemer weiderzeféieren.
Besonnesch besuergneserreegend ass, datt de CHdN de CGDIS gefrot huet, SAMU-Transporter aktuell net op Ettelbréck ze dirigéieren, well d'Spidol fir d'Behandlung vu schwéiere medezineschen Noutfäll net voll asazfäeg wier.
An deem Kontext, géinge mir der Madamm Ministesch follgend Froe stellen:
1. Wat ass den aktuelle Stand vun der informatescher Pann am CHdN? Ass d’Ursaach vun dëser Pann scho bekannt? Wéi eng Servicer si betraff a wéini ass domat ze rechnen, datt de Spidolsbetrib erëm normal funktionéiert?
2. Wéi gëtt déi medezinesch Versuergung vun de Patienten am CHdN wärend der Pann garantéiert? Wéi eng konkret Mesurë goufe geholl, fir d'Sécherheet vun de Patienten an d'Kontinuitéit vun de Behandlungen ze garantéieren?
3. Wéi eng Mesurë goufen zesumme mam CGDIS an den anere Spideeler getraff, fir sécherzestellen, datt schwéier medezinesch Noutfäll och wärend der Pann séier an adequat behandelt kënne ginn? Wéi gëtt séchergestallt, datt et duerch déi néideg Ëmleedunge vun de Patienten net zu kritesche Verspéidunge bei der Noutfallversuergung kënnt?
4. Wéi gëtt séchergestallt, datt ofgesote Consultatiounen an Ënnersichunge séier nogeholl ginn an datt medezinesch dréngend Fäll prioritär behandelt ginn?
Mat déiwem Respekt,