Wéi ass d'Performance vun der Luxair bei Vol-Annulatiounen, Pünktlechkeet, Qualitéit, etc. a wéi wierken sech déi operationell Schwieregkeeten aus?

Stéphanie WEYDERT

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
D’Luxair ass zënter Joerzéngten net nëmmen e Pilier vun der lëtzebuergescher Wirtschaft, mee och ee vun de wichtegsten Ambassadeure vum Grand-Duché. Als national Fluchgesellschaft spillt si eng zentral Roll am Nation Branding, andeems si d’Wäerter iwwer d’Grenzen eraus representéiert. Allerdéngs gesäit sech d’Luxair, esou wéi een et an der nationaler Presse liese konnt, an de leschte Méint mat enger Rei vun operationellen Erausfuerderunge konfrontéiert.
Et héiert een, ënner anerem, ëmmer nees datt Flich op de leschte Stëppel annuléiert goufen oder ënnerwee nees mussen zréck op Lëtzebuerg fléien, an d’Passagéier dann iwwer déi onméiglechst Tëschenetappen a vill Stonne méi spéit op hirer eigentlecher finaler Destinatioun ukommen. Fir Geschäftsleit ass dat ëmsou méi schlëmm wann se sech net drop verloosse kennen, mat Zäiten op hirem Rendez-Vous am Ausland ze sinn, ouni laang am Virfeld sur place ze sinn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
• Wéi huet sech, opgeschlësselt, d'Quote vun der Luxair annuléierte Flich an de leschte sechs Méint par rapport zum Joer virdrun entwéckelt, a wat sinn déi primär Grënn fir dës Ausfäll wéi zum Beispill technesch Problemer, Virsiichtsmoossnamen, oder extern Faktoren?
• No wéi engem Schema ginn d’Ersatzflich fir Passagéier determinéiert, deenen hire Fluch annuléiert gouf?
• Wéi eng konkret Moossname sinn ergraff gi fir d'Pünktlechkeet (On-time Performance) ze verbesseren, nodeems an de leschte Méint eng verstäerkt Kritik u Verspéidungen opkomm ass?
• An de leschten internationale Rankings wéi zum Beispill dem « AirHelp Score - Global airlines ranking » läit déi national Fluchgesellschaft op der Plaz 43. Wéi
beurteelt d’Ministesch dës Placéierung a wéi eng strategesche Planung gëtt ënnerholl fir dëst Resultat ze verbesseren?
• Wéi gëtt d'Qualitéit vum Service u Bord am Verglach mat de Konkurrenten evaluéiert, besonnesch wat d'Clientë-Zefriddenheet ubelaangt?
• Wéi eng konkret Auswierkungen hunn déi nei geliwwert Fligeren op d'Zouverlässegkeet vum Flugplang, an a wéi engem Mooss reduzéieren dës Maschinnen d'Ufällegkeet fir technesch bedéngt Fluchausfäll?
• Wéi dréit d'Moderniséierung vun der Flott zur Reduktioun vun den Operatiounskäschten a vum CO2-Ausstouss bäi, a ginn dës Erspuernisser an d'Verbesserung vum Clientsservice reinvestéiert?
• Am Fall vu Verspéidungen oder Annulatiounen, wéi eng digital Tools oder Echtzäit-Kommunikatiounskanäl goufen agefouert, fir d'Passagéier méi séier a méi transparent ze informéieren an hinnen direkt Alternativen unzebidden?
• Wéi beurteelt d’Ministesch den direkten an indirekten Impakt vun den operationelle Schwieregkeeten an den Annulatiounen op d’Lëtzebuerger Wirtschaft, besonnesch op den Tourismus, d’Geschäftsreesen an d’Attraktivitéit vum Finanzstanduert?
• Wéi gëtt de Feedback vun de Clienten evaluéiert?
•D'Luxair gëllt als "Ambassadeur" vum Grand-Duché. Wéi gesäit d’Ministesch déi rezent Evolutioun vun der nationaler Fluchgesellschaft am Kontext vum Nation Branding?
•Ass d'Ministesch der Meenung, datt aktuell operationell Schwieregkeeten, an déi domadde verbonne Berichterstattung, en negativen Impakt op den Image vum Land an de Standuert Lëtzebuerg kéinten hunn, a wéi gëtt dësem Risiko entgéintgewierkt?
 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie WEYDERT Deputéiert