Wéi ass d’Formatioun um Terrain am Kader vum DAP Educatioun ofgeséchert, besonnesch wat d’Disponibilitéit vu Plazen no Regioun a Struktur ugeet?

Ricardo MARQUES

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden. 

Den DAP Educatioun ass eng beruffspraktesch Ausbildung am soziopedagogeschen Encadrement, déi op d’Aarbecht mat Kanner (a jee no Struktur och mat Jugendlechen) virbereet. Déi initial Formatioun dauert 3 Joer an am Kär dovu sti fënnef Stagë vu jee 6 Wochen, fir d’Realitéit um Terrain kennenzeléieren. An der formation adulte brauch een e Léiervertrag an enger Betreiungsstruktur. Dobäi geet een 2 Deeg d’Woch op den Terrain a verbréngt 3 Deeg am Ausbildungsbetrib.

An enger Zäit, wou d’Betreiungsstrukturen an d’Personalressourcen am Secteur staark gefuerdert a belaascht sinn, ass et wichteg, datt d’Formatiounen, déi direkt op dës Beruffer virbereeden, transparent, kohärent a qualitativ ofgeséchert ëmgesat ginn, besonnesch wat d’Stagen/Léierplazen, d’Betreiung um Terrain an d’Ursaache vun Ofbréch ugeet.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Kann de Minister no Regioun an no Typ vu Struktur opweisen, wéi vill Plazen aktuell fir den DAP Educatioun besat sinn? 

  • Wéi gesäit de Bilan vun de leschten 3 Joer aus (Erfollegsquote, Widderhuelungen, Ofbréch, Kënnegung vum Léiervertrag)?

  • Wat ass de Feedback vun de Strukturen, déi Stagiairen/Léierleit, Regionaldirektiounen ophuelen?

  • Wéi oft (Zuele pro Joer) kënnt et vir, datt een de Léiervertrag ofbrécht oder datt eng Struktur d’Zesummenaarbecht ofbrécht? Wat sinn déi heefegst Ursaachen?

  • Wéi ginn Zäit, Responsabilitéiten, Opsiicht an Evaluatioun am Binôme definéiert? 

  • Kréien d’Tuteuren um Terrain eng Formatioun oder Guideline, a gëtt et eng Unerkennung oder Kompensatioun fir dës Roll?

Här President, bieden ech Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Ricardo MARQUES