Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.
A ville Gemengen assuréieren d’Mataarbechter vun den techneschen Déngschter Permanencen, notamment an de Beräicher vun der Waasser- a Stroumversuergung, der Informatik an aneren essentielle kommunale Servicer. Bei Pannen oder Noutfäll kënnen dës Mataarbechter ausserhalb vun hiren normale Schaffzäiten alarméiert ginn an deelweis wärend méi Stonnen intervenéieren.
Dës Situatioune stellen d’Gemengen an hir Mataarbechter viru wichteg Froen, notamment wat d’maximal Aarbechtszäit, déi deeglech a wéchentlech Rouzäit, d’Remuneratioun, d’Responsabilitéit an d’Ofsécherung am Fall vun engem Accident betrëfft. Besonnesch bei enger lafender Pann ass et aus techneschen oder Sécherheetsgrënn net ëmmer méiglech, eng Interventioun einfach ofzebriechen, wann déi maximal Aarbechtszäit erreecht ass.
Dobäi kënnt, datt d’Konditioune fir Permanencen a verschiddene Kollektivverträg fir Salariéë méi detailléiert gereegelt kënne ginn, wärend d’Remuneratioun an d’Indemnitéite vu Fonctionnairen an Employéë vun de Gemengen un de gesetzlechen a reglementaresche Kader gebonne sinn. Doduerch kann et zu däitlechen Ënnerscheeder kommen, obwuel Mataarbechter mat ënnerschiddlechem Statut bei där selwechter Pann déi selwecht Aarbecht leeschten an deene selwechte Contrainten a Risiken ausgesat sinn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Inneminister an un den Här Aarbechtsminister stellen:
Wéi eng gesetzlech a reglementaresch Bestëmmunge gëllen aktuell fir Permanencë vu Fonctionnairen an Employéë vun de Gemengen? Erlaben dës Bestëmmungen et, d’Bereetschaft, déi effektiv Interventiounszäit, Deplacementer souwéi Nuets-, Samschdes-, Sonndes- a Feierdeegsaarbecht adequat ze remuneréieren an ze kompenséieren?
Kann eng Gemeng, nieft de bestoenden Astreinteprimmen, fir hir Fonctionnairen an Employéen eng spezifesch prime de permanence oder Interventiounsindemnitéit aféieren? Wa jo, op wéi enger exakter Rechtsgrondlag a wéi enge Konditiounen? Wa nee, gesäit d’Regierung hei Handlungsbedarf?
Gëtt bei enger Interventioun déi ganz Zäit vum Opruff bis zum Enn vum Asaz, inklusiv dem noutwennegen Deplacement, als Aarbechtszäit ugesinn? Ënner wéi enge Konditioune kann am Fall vun engem Noutfall oder fir d’Kontinuitéit vun engem essentielle Service vun de maximalen Aarbechtszäiten ofwäichen, a wéi een Ausgläich muss an deem Fall garantéiert ginn?
Wéi soll e Mataarbechter sech verhalen, wann hien am Laf vun enger Interventioun déi maximal zougeloossen Aarbechtszäit erreecht, d’Aarbecht awer aus techneschen oder Sécherheetsgrënn net ofgebrach ka ginn? Wien ass an esou engem Fall berechtegt, d’Weiderféierung vun der Interventioun unzeuerdnen, a wien dréit d’Responsabilitéit fir dës Decisioun?
Wéi ginn déi deeglech a wéchentlech Rouzäite konkret berechent, wann e Fonctionnaire oder Employé an der Nuecht oder um Weekend intervenéiert? Ab wéi engem Zäitpunkt leeft d’Rouzäit?
Wéi ass e Fonctionnaire oder Employé ofgeséchert, wann et wärend enger Interventioun zu engem Aarbechtsaccident oder zu engem Schued un enger drëtter Persoun kënnt an déi maximal Aarbechtszäit oder déi virgeschriwwe Rouzäit net respektéiert gouf? Kann dëst Auswierkungen op d’Unerkennung vum Aarbechtsaccident, d’Versécherungsleeschtungen oder déi perséinlech Haftung vum Mataarbechter hunn?
Wéi bewäert d’Regierung d’Tatsaach, datt Fonctionnairen, Employéen a Salariéë bei där selwechter kommunaler Interventioun vergläichbar Aarbecht a Verantwortung kënnen hunn, awer ënnerschiddlech remuneréiert a kompenséiert ginn? Plangt d’Regierung de gesetzlechen a reglementaresche Kader fir Permanencen an Astreinten ze moderniséieren?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.