Weess de Kulturminister Bescheed iwwer déi schlecht Konditioune vun der Fotoausstellung „Family of Man“?

Stéphanie WEYDERT
Jean-Paul SCHAAF

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weiderzeginn.

D‘Fotoausstellung „Family of Man“, déi vum Edward Steichen zesummegestallt gouf, ass eng éischte Kéier 1955 am Museum of Modern Art zu New York gewise ginn. Et ass eng vun de wichtegste Fotoausstellunge vun allen Zäiten. Zanter 1994 gëtt d’Originalausstellung permanent zu Lëtzebuerg am Schlass zu Klierf gewisen. 2003 krut d’Ausstellung de Statut vun engem UNESCO-Weltkulturierwen. 

Zanter enger Weil ginn et bei der Fotoausstellung am Kliefer Schlass Verännerunge beim Accueil vun de Visiteuren a bei der Aarbechtsorganisatioun. Den Accueil/Rezeptioun vun de Visiteuren gëtt net méi vu Leit gemaach, déi fest agestallt sinn, mee soll vun Agente vun enger externer Sécherheetsfirma assuréiert ginn. Leider hunn des Agente keng Erfarung mam Fonctionnement vun engem Musée a sinn och net permanent op der selwechter Plaz am Asaz. E professionellen Accueil an e gudden Encadrement vun auslännesche Visiteuren ass doduerch net méiglech, dacks scho wéinst feelenden Sproochkenntnisser. 

Leider gëtt et, eisen Informatiounen no, och keen "agent de salle" méi, obwuel dat fir den Oflaf vun de Visitte wichteg ass, an d‘Equipe vu gutt forméierte Guidë sollen duerch Studenten ersat ginn. 

Am Summer 2025 gouf et doriwwer eraus eng Panne mat der Klimaanlag, déi eréischt kuerz viru Chrëschtdag reparéiert ginn ass. 

An dem Zesummenhang wollte mir follgend Froen un den Här Kulturminister stellen:

  • Weess den Här Minister Bescheed iwwer des kontinuell Verschlechterunge vun de Konditioune ronderëm d’Fotoausstellung „Family of man“?

  • Wa jo, wéi eng Mesurë gedenkt hien ze ergräifen, fir dem entgéint ze wierken?

    Ginn déi Sécherheetsagenten spezifesch forméiert, fir an engem Musée den Accueil vu Visiteuren ze maachen, éier se an den Asaz kommen?

    Ass den Här Minister der Meenung, datt d‘Qualitéit vun engem UNESCO-Weltkulturierwen net misst besser iwwerwaacht ginn?

  • Wéi ass des Entwécklung vereinbar mat den Efforten, déi am Zesummenhang mat der „image de marque“ vu Lëtzebuerg bei den Touristen an den auslännesche Visiteure gemaach ginn?

  • Gëtt et als Folleg vun der Pann un der Klimaanlag e Problem mat der Fiichtegkeet am Schlass ?

    • Wa jo, si Fotoen doduerch beschiedegt ginn?

  • Wéi eng Iwwerwaachung ass sur place garantéiert fir des eemoleg Fotoen ze schützen?  

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Stéphanie Weydert                   Jean-Paul Schaaf

Deputéiert                                    Deputéierten