Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Kulturminister weiderzeleeden.
Déi am Joer 1910 gebaute Gebléishal um Site Esch-Belval steet zanter méi wéi 20 Joer eidel. Am Kulturjoer 2007 ass d’Gebai eng leschte Kéier fir e gréissert Event, d’Ausstellung „Al we need“, genotzt ginn. Duerno war d’Fourrière vun der Police fir eng Weil an der Hal ënnerbruecht. Fir d’Kulturjoer Esch 2022 konnt d’Gebléishal aus Sécherheetsgrënn net méi profitéiert ginn. Eng Etude vun der Uni Lëtzebuerg aus de Joren 2022-2023 am Optrag vum Kulturministère an dem Ministère fir d’ëffentlech Aarbechten huet ënnerschiddlech Méiglechkeete fir den Ëmbau an d’Notzung vum Gebai opgezeechent.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Kulturminister stellen:
Ass mëttlerweil eng Decisioun getraff ginn, wéi d’Gebléishal um Belval soll an Zukunft genotzt ginn?
Wat jo, wat fir eng Notzung gouf zréckbehalen?
Steet schonn eng Zäitschinn fir d’Ëmbauaarbechte fest?
Sinn bis zu enger definitiver Notzung Renovéierungs- respektiv Erhalungsaarbechten un der Hal geplangt, vu de schlechten Zoustand vum Gebai?
Ass geplangt, d’Gebléishal ënner Denkmalschutz ze stellen, vu datt et sech beim Gebai ëm e wichtegt Stéck vum industrielle Patrimoine vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg handelt.
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Georges Mischo
Députéierten