Solle Parkingen a Kelleren am Kader vum Resilienzplang zu Noutspideeler mat OP-Sall ausgebaut ginn?

Jean-Paul SCHAAF

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Verdeedegungsministesch, an un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weider ze leeden.

An Däitschland lafen Iwwerleeunge säitens enger Rei Spideeler, fir am Kader vun Ëmbau- oder Neibauaarbechten vun hire Gebaier hiren ënnerierdesche Parking, respektiv Keller bommesécher ze bauen. Dës verstäerke Strukture soll am Kader vun hirem Resilienzplang esou equipéiert ginn, fir am Noutfall kennen als Noutspidol Patienten ze versuergen. Och een Operatiounssall soll esou kennen ënnerierdesch installéiert ginn. An Israel gehéieren esou Strukture mëttlerweil zum Inventaire vun de Spideeler.

Zu dësem Thema wéilt ech der Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Verdeedegungsministesch, an der Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet follgend Froe stellen:

  • Gedenkt d’Regierung, am Kader vum Neibau, respektiv dem Ëmbau vun de Spideeler Kapazitéite fir ënnerierdesch Noutspideeler virzegesinn?

  • Falls jo, wat wier de budgetären Impakt vun esou Konstruktiounen?

  • Falls jo, wat ka vun deenen Ausgaben als Verdeedegungsausgabe geltend gemaach ginn?

  • Falls net, wisou well d’Regierung am Kader vun hirem Resilienzplang net op dee Wee goen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten