Réponse de Madame la ministre à la question: "Quelle est la disponibilité et la prise en charge du médicament Leqembi pour le traitement de l'Alzheimer au Luxembourg?"

Marc SPAUTZ

 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

D’Medikament Leqembi, dat als éischt Medikament de Verlaf vun der Alzheimer-Krankheet am fréie Stadium ofbremse kann, ass zanter dem 1. September 2025 an Däitschland an an Éisträich verfügbar. D’Behandlung ass awer nëmme fir Patienten am Ufanksstadium zougelooss, verlaangt obligatoresch Gentester an eng reegelméisseg IRM-Iwwerwaachung, an dierf virleefeg just a spezialiséierte Gediechtnisambulanzen duerchgefouert ginn. Allerdéngs si schwéier Niewewierkunge méiglech. 

 

An dem Zesummenhang wëll ech follgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen: 

  1. Wéini wäert dëst Medikament och zu Lëtzebuerg zougelooss a verfügbar ginn?
  2. Wéi eng Ariichtungen zu Lëtzebuerg wieren aktuell a Lag, dës Behandlung mat de gefuerderte Sécherheets- a Kontrollmesuren unzebidden, an ass geplangt, d’Kapazitéiten auszebauen?
  3. Ass d’Regierung bereet, fir d’Gentester an d’Bildgebungsuntersuchungen, déi obligatoresch virgeschriwwe sinn, national z’organiséieren an z’finanzéieren?
  4. Wéi wëll d’Regierung sécherstellen, datt d’Behandlung, déi am Ausland extrem deier ass, fir all betraffene Patient zu Lëtzebuerg zougänglech gëtt, onofhängeg vun hire finanzielle Mëttelen?

     

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz 

Deputéierten 

qp_60558_1760356173512.pdf