Peppol gëtt an der Belsch ab 2026 obligatoresch. Ass Lëtzebuerg prett fir déi elektronesch B2B-Facturatioun?

Françoise KEMP

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Digitaliséierung an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.

Déi elektronesch Ausstellung vu Rechnungen (factuarion électronique) ass duerch d’Gesetz vun 2021 säit 2022, respektiv 2023 verpflichtend fir Betriber, déi engem Organ vum ëffentleche Secteur eng Rechnung ausstellen oder un enger ëffentlecher Ausschreiwung wëllen deelhuelen. Dee sou genannte “Peppol” System ass dofir de Standard fir dës elektronesch Rechnungen ze verschécken. D’facturation électronique tëscht de Betriber (B2B) ass bis dato zwar encouragéiert, awer net obligatoresch bis 2030. Bei eise Belschen Noperen ass déi elektronesch Facturatioun via Peppol tëscht Betriber obligatoresch ab dem 1. Januar 2026. Doraus erginn sech eng Rei Froen fir Lëtzebuerger Entreprisen, wann si mat belsche Betriber Handel maachen. Besonnesch fir kleng- a Mëttelbetriber ass d’Ëmstellung op Peppol mat Komplikatiounen a Käschte verbonnen.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Digitaliséierung an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus stellen:

  • Dierfe Lëtzebuerg Betriber nach Standard Rechnungen u Belsch Betriber ausstellen? 

  • Dierfe Lëtzebuerg Betriber nach Standard Rechnungen vu Belsche Betriber kréien? 
  • Gedenkt d’Regierung, d’Erstelle vun elektronesche Rechnunge am B2B virun 2030 obligatoresch ze maachen?

  • Falls jo, wéi eng Hëllefe fir d’Betriber gesäit d’Regierung an deem Fall vir?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Kemp

     Deputéiert