Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un den Här Bildungsminister weiderzeleeden.
Den Artikel 271 (2) vum Code de la Sécurité sociale gesäit vir, dass d’Recht op d’Familljeleeschtunge bis zum Enn vum 25. Liewensjoer bestoe bleift, wann de Jugendlechen eng Ausbildung am klassesche Secondaire oder am Secondaire général mécht. Dat gëllt och, wann de jonke Mënsch eng spezialiséiert Schoul oder e Kompetenzzentrum fir psycho-pädagogesch Spezialbetreiung besicht. Allerdéngs schreift den Artikel 271 och vir, dass d’Ausbildung muss „sur place“ gemaach ginn. Groussjäreger, déi also en „enseignement à distance“ maachen, z.B. den E-Bac, oder am Homeschooling sinn, hu kee Recht op Kannergeld. Dat gëllt och fir déi, déi am Sënn vum Artikel 274 vum Code de la sécurité sociale eng physesch oder eng mental Beanträchtegung vu mindestens 50 Prozent hunn. Si hunn deemno och kee Recht op eng „allocation spéciale supplémentaire“.
An deem Zesummenhang wéilt ech gäre follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un den Här Bildungsminister stellen:
Wéi schätzt de Minister d’Situatioun vu Jugendlecher a Situatioune vu Beanträchtegung an, déi aus gesondheetlechen oder mentale Grënn net „sur place“ kënnen enseignéiert ginn, mä op een Enseignement op Distanz ugewise sinn?
Ass d’Regierung bereet, den Artikel 271 (2) vum Code de la sécurité sociale nei ze formuléieren, fir all Ongläichbehandlung tëscht Jugendlecher, onofhängeg vun hire spezifesche Bedierfnisser an onofhängeg vun der Form, an där den Enseignement gehale gëtt, ofzebauen, fir esou sécherzestellen, dass all déi betraffe Persounen Zougang zum Kannergeld an der „allocation spéciale supplémentaire“ kréien?
Ass de Minister bereet, zesumme mat de betraffenen Acteuren·ricen, ze préiwen, wéi den Artikel 271 (2) esou kéint ugepasst ginn, dass en den aktuelle Realitéite vun der schoulescher Inklusioun an den technologesche Méiglechkeete Rechnung dréit, ouni dobäi Mëssbrauch ze begënschtegen?
Ass de Minister der Meenung, dass eng Ännerung an deem Sënn och kéint derzou bäidroen, den „décrochage scolaire“ bei de betraffene Persounen ze verhënneren?
Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER
Deputéiert