Koum d’Warnung virum Damp aus dem Héije Venn ze spéit?

Jean-Paul SCHAAF
Emile EICHER
Jeff BOONEN
Charel WEILER

Här President,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

De Bëschbrand am Héije Venn, am Oste vun der Belsch, huet zu enger staarker Dampentwécklung gefouert. Den Damp an de Brandgeroch waren och a verschiddenen Deeler vu Lëtzebuerg, notamment am Norde vum Land, däitlech ze spieren.

Am Laf vun dëser Situatioun hunn d’Autoritéiten iwwer LU-Alert an aner Kommunikatiounskanäl Informatiounen a Recommandatiounen un d’Bevëlkerung erausginn. Dobäi hunn sech awer Froen iwwert den Zäitpunkt vun dëser Kommunikatioun gestallt, well konkret Rotschléi eréischt diffuséiert gi sinn, wéi den Damp an de Brandgeroch schonn a verschiddene Regioune vum Land ze spiere waren.

An deem Zesummenhang wëlle mir dem Här Minister follgend Froe stellen:

  1. Wéini haten déi Lëtzebuerger Autoritéiten déi éischt Informatiounen doriwwer, datt den Damp vum Bëschbrand Lëtzebuerg kéint erreechen? Wéi hunn dës Informatiounen den Zäitpunkt vun der Kommunikatioun un d’Bevëlkerung beaflosst?

  2. Op Basis vu wéi enge Krittäre gouf decidéiert, wéini a iwwer wéi eng Kanäl wat fir sanitär Recommandatiounen un d’Bevëlkerung diffuséiert ginn?

  3. Ass den Här Minister der Meenung, datt dës Recommandatiounen zu engem Zäitpunkt diffuséiert gi sinn, wou d’Bevëlkerung nach rechtzäiteg déi néideg Precautioune konnt huelen? Wann nee, wéi eng Léiere kënnen aus dëser Situatioun fir änlech Fäll an Zukunft gezu ginn?

  4. Wéini an iwwer wéi ee Kanal hunn déi belsch Autoritéiten d’Lëtzebuerger Autoritéiten ëm Ënnerstëtzung bei der Bekämpfung vum Bëschbrand gefrot? Kann den Här Minister d’Chronologie vun dëser Demande, hirer Evaluatioun, der Decisioun fir Moyene vum CGDIS zur Verfügung ze stellen an hirem Asaz um Terrain präziséieren? An a wéi engem bilateralen oder europäesche Kader ass dës Ënnerstëtzung erfollegt?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen
Deputéierten
Emile Eicher
Deputéierten
Charel Weiler
Deputéierten
Jean-Paul Schaaf
Deputéierten