Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.
D’Kapazitéiten an der Neonatologie zu Lëtzebuerg schéngen a verschiddene Situatiounen net duerzegoen, wat dozou féiert, datt schwanger Frae mat héijem medezinesche Risiko an eenzelne Fäll am Ausland musse betreit ginn. Fir déi betraffe Famillje bedeit dat oft eng zousätzlech emotional an organisatoresch Belaaschtung.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:
- Wéini genee ass en Ausbau vun der Neonatologie am CHL virgesinn?
- Wéi vill Intensivplaze gëtt et aktuell, a wéi vill zousätzlech Plaze sinn am Kader vun enger Erweiderung geplangt?
- Gëtt et eng systematesch Analys iwwer d’Zuel vun de Transferts in utero, déi wéinst engem Kapazitéitsmanktem mussen duerchgefouert ginn?
- Gëtt et Iwwerleeungen, déi neonatal Ënnerstëtzung och ausserhalb vum CHL ze stäerken, besonnesch am ländleche Raum?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Charel Weiler Jeff Boonen
Deputéierten Deputéierten