Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Marchés publics un den Här Innenminister weider ze leeden.
Den Département du Contrôle de la Comptabilité communale mécht seng alljärlech Kontrolle wat „Comptes administratifs“ vun de Gemengen ugeet. Dobäi ginn et eng Rei Irregularitéiten, déi kënne fest gestallt ginn, besonnesch bei de Marchés publics an den Ausschreiwungen fir grouss Projet’en. Vill Gemenge kënne scheinbar keng Piècë virleeën, dass et bei Projeten eng Prozedur de passation de marché public konform zu den Dispositiounen zum ofgeännerte Gesetz vum 8 Abrëll 2018 zu de Marchés publics virgeholl ginn ass.
An dem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- wéi vill Gemenge vun den 100 Gemenge krute Remarquë par Rapport zu der Prozedur vun de Marchés publics wat de Controle vun den Exercicer 2023 an 2024 ugeet?
- Ëm wéi eng Gemengen handelt et sech dobäi?
- Wéi vill Projeten Vergaben un Architekten- an Ingénieursbüroen am Ganzen uechter déi 100 Gemenge falen ënnert dës Remarque vu Säite vum Département du Contrôle?
- Sinn an all Gemeng beim leschte Contrôle d’Marchés publics kontrolléiert ginn, respektiv bei wéivillen a bei welche Gemenge war dat de Fall?
- Ass dem Minister bekannt datt a Bezuch op de Marchés publics wat d‘Vergabe vu Projeten un Architekten an Ingenieuren ugeet Reklamatioune gemaach gi sinn, respektiv ass dem Minister bekannt datt enger Gemeng doduerch e Schued entstan ass?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.