Firwat riskéieren eeler Leit hirt Fleegeheem ze verléieren, wann si d’Heemkäschten net méi bezuele kënnen a staatlech Hëllefen ausbleiwen?

Här President, 


Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
A rezenten Temoignagë vu Biergerinnen a Bierger gëtt op eng prekär an onhaltbar Situatioun higewisen, an där sech eeler an hëllefsbedierfteg Leit befannen, wa si an engem Altersheem ënnerbruecht sinn a weeder hir eege finanziell Mëttele nach déi aktuell staatlech Hëllefen ausreeche fir d'Heemkäschten ze decken.
Konkret gouf de Fall vu betraffene Famillje bekannt, bei deenen eng Demande beim Fonds National de Solidarité (FNS) fir eng Prise en charge vun den Heemkäschten no neie gesetzleche Bestëmmungen ofgewise gouf resp. keng adequat finanziell Ënnerstëtzung méi gewäert gëtt. Och d'Office Sociaux‘en schéngen a ville Fäll un hir Grenzen ze stoussen.
Fir déi Betraffen an hir Familljen huet dëst dacks dramatesch Konsequenzen: Fir déi lafend Käschten iwwerhaapt nach kënnen ze bezuelen an en Rausworf aus dem Fleegeheem ze verhënneren, ginn d'Familljen iwwer d'Tutellesgeriicht dozou gezwongen, hiren Eegentum respektiv d'Familljenhaus ënner Zäitdrock ze verkafen. Dëst betrëfft Persounen, déi hiert ganzt Liewe laang geschafft a Bäiträg bezuelt hunn, an elo wéinst deene laangwierege Prozeduren a gesetzleche Lächer an eng finanziell a psychologesch Noutsituatioun geroden.


Virun dësem Hannergrond géif ech gäre follgend Froen un den Här Minister stellen:


1. Wéi vill Demanden op Iwwernam oder Bäisteier vun Heemkäschte goufen zanter dem Akraafttriede vum PL8114 vum FNS refuséiert, a wat sinn déi heefegst Begrënnungen dofir?

2. Ass dem Ministère bekannt, wéi vill eeler Leit aktuell duerch de Raster vun de Sozialleeschtunge falen an d'Gefor vun enger Kënnegung vum Heemplaz geroden?                                                                         
3. Wéi positionéiert sech de Ministère zu der Problematik, datt betraffe Familljen duerch laangwiereg administrativ Demarchen an Iwwergangsphasen dozou gezwonge ginn, ënner Drock Immobiliëbesëtz ze verkafen, an dacks weeder vum FNS nach vum zoustännegen Office social eng Iwwerbréckungshëllef kréien?

4. Wéi eng konkret Moossname gedenkt de Ministère ze huelen, fir eng besser Koordinatioun tëscht de Geriichter (Tutelle), de Gérance vu Fleegeheemer, de Sozialämter an dem FNS ze garantéieren, fir datt keng vulnerabel Persounen an eng Situatioun geroden, wou Heemplaze wéinst Retard beim Bezuelen a Fro gestallt ginn?

5. Sinn Upassungen oder zousätzlech Begleetmoossnamen am Kader vun der Gesetzgebung virgesinn, fir sécherzestellen, datt d'Bewunner an de Fleegeheemer net ouni direkt Prise en charge bleiwen, wann e Verkaf oder d'Realiséierung vu Verméigen Zäit an Usproch hëlt?

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Ricardo Marques
Deputéierten