Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weider ze leeden.
De 24. An de 25. Juni gouf et am Bezierk Osten keng Apdikt, déi Déngscht hat. Dës Situatioun ass leider keng Ausnam, mee widderhëlt sech ëmmer méi heefeg. An dëser Woch vun extremer Hëtzt an enger rouder Alerte, déi national ausgeruff gouf, ass et besonnesch problematesch, wann d’Leit aus dem Osten net kënnen an der Nuecht op eng Apdikt an hirer Géigend goen, fir hir urgent medezinesch Besoine ze garantéieren. Bei aktuell 11 Apdikten am Osten stellt sech d’Fro, wisou et ëmmer erëm virkënnt, datt d’Garde net assuréiert ass.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet stellen:
Wéi oft gouf et dëst Joer scho keng Apdikt déi Déngscht hat am Osten?
Wéi gëtt de Service de Garde organiséiert?
Ginn et am Osten genuch Apdikten, fir all Dag eng Garde ze assuréieren?
Falls jo, wisou kennt et ëmmer nees zu Ausfäll?
Falls net, gedenkt de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet nei Lizenze fir Apdikten am Osten eraus ze ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.