Fir wat kënnen a verschidde Fäll personaliséiert Autosplacken net automatesch iwwerholl ginn?

Stéphanie WEYDERT

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Mir ass zougedroe ginn datt Bierger déi zënter Joren eng personaliséiert Immatrikulatiouns-Plack op hirem Auto haten, dës elo net méi kennen iwwerschreiwen. Konkret geet et ëm Persounen déi am Kader vun hirem professionelle Liewen eng Gesellschaft gegrënnt hunn an d’Gesellschaft en Auto kaf huet mat enger personaliséierter Immatrikulatiounsplack. No der Opléisung vun der Gesellschaft ass et awer anscheinend esou, datt déi betraffe Persounen, déi zäitgläich eenzegen Associé vun der Gesellschaft sinn, wuel den Auto kënnen iwwerhuelen, awer net d’Immatrikulatiounsplacke vum Auto. D’SNCA seet, datt et net méi méiglech ass eng personaliséiert Plack vun der Gesellschaft op d’Privatpersoun z’iwwerschreiwen an datt een elo muss 1 Joer waarden fir dës personaliséiert Plack nees zréck ze froen. 

Fäll wéi deen, deen ech geschëldert hunn, ginn et vill. Besonnesch 4-stelleg Placke sinn immens beléift an esou huet d’Persoun oft keng Chance méi hir personaliséiert Plack zréck ze kréien.

Fir physesch Persounen déi an der spezifescher Situatioun vun engem Stierffall sinn, gouf e Regime geschaf deen d’Reservatioun wärend engem Joer fir den Ierwen garantéiert an eng Iwwerschreiwung vun der Plack un d’Ierwen soumat erméiglecht.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen :

  • Ass der Madame Ministesch dës Situatioun bekannt?

  • Fënnt d’Madame Ministesch déi Situatioun fir ubruecht?

  • Wéi ass d’Situatioun bäi Leasing-Autoen déi iwwer enger Persoun hire Patron lafen awer wou den Notzer vum Gefier och eng personaliséiert Immatrikulatiounsplack huet?

  • Firwat gouf just e spezifesche Regime fir Stierffäll geschaf fir personaliséiert Placken z’iwwerschreiwen awer net am Fall vun der Rechtsnofolleg vun enger juristescher Persoun?

  • Ass d’Madame Ministesch gewëllt, d’Gesetzgebung unzepassen, fir et de Leit ze erméiglechen, hiert Nummereschëld och bei Firmenautoen a ggf. bäi Leasing-Autoen ze halen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert

                 Deputéiert